Sélectionner une page

Nommern - epicerie am duerf

Posted 5 mois ago by admin

Léif Leit,
Mir wollten Iech informéieren datt mir zu dene gewinnten Zäiten op
sinn (vun Dënsdes bis Freides 7:30 bis 18:00 Auer a Samsdes vu 7 :30
bis 17 :00 Auer).
Mir kachen all Dag ee Plat du jour, deen Dir bei eis ofhuele kënnt.
All déi Leit déi sech nit deplacéire kënnen oder wëllen gi gratis
(innerhalb vun der Gemeng Noumer) beliwwert, souwuel fir de Plat du
jour wéi och fir d’ Akeef.
Fir bei eis ze bestellen, kënnt Dir dat iwwer verschidde Manéiere
maachen:
• per Email: nathalie@epicerie-am-duerf.lu
• per Telefon: 26 88 32
• per Facebook
Bezuele vun de Liwwerungen kënnt Dir ab Mëtt nächster Woch mat
Digicash oder per Credit-Kaart, natierlech och mat Borgeld.
Op Facebook poste mer regelméisseg Informatiounen iwwert
d’Epicerie sou wéi och de Plat du jour. Déi di kee Facebook hunn sollen
eis roueg uruffen.
Mir hu ganz vill Uebst a Geméis akaaft, well dat eng ganz gutt Saach
ass ären Immunsystem ze stärken a soumat manner ufälleg ze sinn fir
all Viren.
Drénkt vill warm Téiën, verzicht op kaalt Gedrénks.
Genéisst dat schéint Wieder a beweegt Iech an der Natur, dat ass
och gutt fir d’MoralJ
Alles dat kann hëllefen!
Fir weider Informatiounen sti mir Iech selbstverständlech zur
Verfügung.
Haalt Iech monter!
Nathalie an Equipe

Contact details

Nommern,Luxemburgo,9184 26 88 32 nathalie@epicerie-am-duerf.lu

Contact this listing owner

Le présent site web utilise des cookies pour vous offrir la meilleure expérience possible. Si vous continuez à naviguer, vous consentez à l'acceptation de ces cookies et à l'acceptation de notre politique des cookies, cliquez sur le lien pour plus d'informations

ACEPTAR
Aviso de cookies